iwwert de Fotograph Jos G. NEY a Kontakt
Ech sinn den 18 Februar 1953 an der Staat Lëtzebuerg ob d’Welt komm. Meng Faszinatioun fir d’Fotographéieren huet mat 9 Joer ugefaangen ewéi ech fir meng éischt Kommunioun eng Voigtläner VITO CD geschenkt krut. Et war mäin Pap, deen mech an d’Konscht vun der Fotographie agefouert huet. Wann et am Ufank éischter Familljen Fotoen waren huet sech dat an der 70 Joren och ob Natur an Reese-Fotographie erweidert. Zu deem Zäitpunkt hat ech schonns eng Spiegelreflex, wou déi ganz Gamme vun Objektiver engem erlaabt huet, sech méi intensive mat der Fotographie ze beschäftegen. Ufanks 2000 hunn ech dunn ob déi Digital Equipement gewiesselt.
No der minutiéiser Aarbecht an der Dunkelkammer am lescht Joerhonnert ass et haut Maîtrise vum Photoshop deen de Biller de leschte perfekte"Schlëff" gëtt. Et geet awer nitt duer d'Fotoen um Computer oder ob eng Hard-Disk ze versuergen; besser ass et d'Biller ob Pabeier ze bréngen sief et iwwert e Fotobuch oder en Ausdrock ob Fineart Pabeier. Dat garantéiert e besseren a verloschtfreien Archivage!​​​​​​​​​​
D'Fotographie ass fir mech déi bescht Manéier meng Kreativitéit auszedrécken an ass säit menger Kandheet meng privilegéiert Passioun. Ech hunn d'Konscht vun der Fotographie ëmmer méi perfektionéiert duerch déi konstruktiv Kritik vun Kolleegen aus verschiddene Foto Clibb: Photo club BGL, Diafrënn aus der Gemeng Luerenzweiler, de Photo Ciné Club Goodyear vun Colmar Berg an d'Walfer Foto Frënn an awer och iwwert de spezialiséiert Presse. Mäin belewsten Artist/Auteur Raymond Clement inspiréiert mech duerch seng interessant Landschafts an Natur Fotografie.
Et gëtt näischt méi Schéines sech un der Natur inspiréieren ze loossen, sief et d’Landschafts, Dei'eren oder Makro Fotographie. Bei de Reese-Reportagen gin aner Kulturen a Leit am Bild festhalen. Och speziell Techniken ewéi « High Speed Photography » oder och Laangzäit Obnahmen hunn mäin Interessi erweecht graad ewei d’experimentel Fotographie.​​​​​​​
                                                                                        Jos G. Ney
Hei kënnt dir mer gären e Feedback iwwert mäin Site ginn. Merci !
Submit
Merci !